Allgemeng Beschreiwung

De Widdebierglaf 2024 ass e Laf fir Kleng a Grouss, sief et a Form vu Leefer oder Spectateur. D’Erëffnung maachen zwee organiséiert Kannerleef ab 17 Auer. Des Kannerleef féieren duerch den Duerfkär vu Menster, wou op der Arrivée e Cadeau op all Kand waart.

Ëm 18 Auer fält de Schoss fir den 10 km laange Widdebierglaf. Den Départ ass am Zärdebierg, no bei der Kierch. No engem flaachen Deel duerch d’Duerf, wou fir musikalesch Animatioun gesuergt ass, verloossen déi aktiv Leefer d’Uertschaft fir an enger éischter Montée de Wangert erop ze lafen. Um Widdebierg ukomm, geet et fir d’Leefer op engem agreable Wee duerch d’Natur weider fir sech bei Kilometer 5 mat killem Waasser ze stärken. Dono verfléien déi leschte Meteren duerch den erfrëschende Bësch erof op d’Arrivée an den Zärdebierg. Och dëst Joer ass e Parcours iwwer 5,5 km méiglech.

Eng Navette féiert d’Leefer uschléissend vun der Arrivée op de Fussballsterrain, wou si vun de Vestiairen an Dusche profitéiere kënnen an dono erëm zréck an d’Duerf gefouert ginn. Nom Laf ass d’Präisiwwerreechung a fir musikalesch Stëmmung gesuergt. Mat Iessen a Gedrénks sou wéi Live Musék ka bis déif an d’Nuecht gefeiert ginn.