Virtuelle Laf 2020
- Details
-
23
Nov
Well de Widdebierglaf dëst Joer net konnt stattfannen, gouf kuerzerhand e virtuellen Laf organiséiert. Jiddereen konnt während engem Mount de Parcours oflafen an eng Foto vu senger Performance un d'Organisateuren schécken.
169 Leeferinnen a Leefer haten dobäi matgemaach a fir all Laf hu mir en Don vun 8€ gemaach.
Ausserdeem huet de „Café am Duerf vu Menster“ sech bereet erkläert säi Sponsoring vun dësem Joer integral ze spenden.
Sou sinn 1500€ zesumme komm, déi mir un d'Associatioun Digital Inclusion konnten iwwerreechen.
E grousse Merci un all Leeferin a Leefer souwéi un de Café am Duerf vu Menster.
Virtuelle Widdebierglaf 2020
- Details
-
27
May
Maach mat beim virtuelle Widdebierglaf! Du hues d’Méiglechkeet tëschent dem 27. Mee an dem 27. Juni 2020 d’10km Course vum Widdebierglaf ze lafen an eng Foto vun denger Performance op der Facebook-Säit vum Widdebierglaf ze posten oder se per Mail op This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. ze schécken. Benotz dofir eng Applicatioun (z.B. Strava, Runtastic, Runkeeper, Nike +,....) oder eng Smart Watch bspw.
Fir all realiséierte Laf spenden d’Widdebiergfrënn 8€ un d’asbl Digital Inclusion (www.digital-inclusion.lu).
De Parcours vum Laf ass gezeechent, Start ass zu Menster an der rue de l’Eglise, beim Panneau wou och d’Wanderwéer vun der Betzder Gemeng lass ginn.