Virtuelle Widdebierglaf 2021

Maach mat beim virtuelle Widdebierglaf! Du hues d’Méiglechkeet tëschent dem 01. an dem 26. Juni 2021 d’10km Course vum Widdebierglaf ze lafen an eng Foto vun denger Performance op der Facebook-Säit vum Widdebierglaf ze posten oder se per Mail op This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. ze schécken. Benotz dofir eng Applicatioun (z.B. Strava, Runtastic, Runkeeper, Nike +,....) oder eng Smart Watch bspw.

Fir all realiséierte Laf spenden d’Widdebiergfrënn 8€ un de Projet « Running against Cancer »  (www.runningagainstcancer.lu).

De Parcours vum Laf ass gezeechent. Start ass zu Menster an der rue de l’Eglise, beim Panneau wou och d’Wanderweeër vun der Betzder Gemeng lass ginn. Eng GPS Datei vun der Streck ass disponibel op www.widdebierglaf.lu.

Wichteg Info: D‘Streck ass just mat de Panneau‘en gezeechent, an net mat weidere Feiler um Buedem.

Des weideren organiséiere mir Sonndes den 20. Juni souwéi Samschdes, de 26. Juni jeweils um 10 Auer en « Let’s Run Together » Laf, wou de Parcours vum Haaptlaf ofgelaf gëtt. Mir lafen an 3 Gruppe mat ënnerschiddlechem Tempo a wann Interessi besteet, kann och eng méi kuerz Streck vun ca 5 km gelaf ginn.

Wéinst de sanitären Mesüren ass d’Unzuel u Leefer limitéiert an eng Umeldung dofir néideg. Schéckt eis eng Email op This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. mam Datum op deem dir matlafe wëllt.

Treffpunkt ass uewen bei der Kierch beim Kulturzenter zu Menster!

Falls dir net d’Méiglechkeet hutt de Parcours ofzelaafen an awer de Projet « Running against Cancer » ënnerstëtze wëllt, kënnt dir en Don op folgend Kontosnummer maachen : LU62 0019 3855 8462 6000  (Spuerkeess).